Romain Gerson, den Hypnotiseur
Wee sinn ech?
Moien, ech sinn de Romain Gerson, den Hypnotiseur
Ech sinn en zertifizéierten Hypnotiseur an eng vu meng Passiounen ass et, Mënschen dobäi ze begleeden, hir eege Stäerkten erëmzefannen an positiv Verännerungen an hirem Liewen ze erliewen.
Jidderee kënt iergend eng Kéier op de Punkt, wou al Gewunnechten, Ängscht, Stress oder negativ Iwwerzeegungen engem am Wee stinn. Ech sinn der Meenung, datt d’Léisung dacks schonn an eis selwer läit. Heiansdo bräuch ee just déi richteg Begleedung, fir dës Ressourcen erëm zougänglech ze maachen.
Genee do setzt meng Aarbecht un. An enger roueger, respektvoller a vertrauensvoller Atmosphär begleeden ech dech op dengem Wee. All Sëtzung gëtt individuell un deng Besoinen ugepasst, well all Mënsch ass eenzegaarteg.
Firwat ech Hypnos maachen
Ech hunn et ëmmer faszinéierend fonnt, wéi staark eist Ënnerbewosstsäin eist Denken, eis Gefiller an eist Verhale beaflosst.
Hypnos ass fir mech eng Méiglechkeet, déi natierlech Fäegkeete vum Geescht ze notzen, fir positiv Verännerungen ze ënnerstëtzen.
Hypnos ass läut menger eegener Erfahrung och eng immens Oofkierzung an der Perséinlechkeetsëntwécklung.
Et ass fir mech eng grouss Freed ze gesinn, wéi Mënschen erëm méi Rouh, méi Selbstvertrauen a méi Liewensqualitéit gewannen.
Wéi ech schaffen
Meng Aarbecht baséiert op Respekt, Vertrauen an Zesummenaarbecht.
Virun all Hypnos huele mir eis Zäit fir e perséinlecht Gespréich. Während deem wärt ech mat dir mam Life Puzzle Pro schaffen an deem ech och äusgebild sinn. Mir schwätzen iwwer deng Zieler, deng Erwaardungen an deng Froën. Sou kënne mir zesummen dee beschte Wee fir dech fannen.
Während der Hypnos bleifs du déi ganz Zäit bewosst. Du héiers meng Stëmm, kanns denken, schwätzen an all Moment selwer entscheeden. Ech féieren dech nëmmen duerch de Prozess – d’Verännerung geschitt duerch dech selwer. Däin Ënnerbewosstsäin get dir ëmmer genau dat wat muss geschafft ginn, a wats du och sëcher kanns verschaffen, well däin Ënnerbewosstsäin ass dofir do fir dech ze beschützen.
Mäin Ziel ass et dech dobäi z’ënnerstëtzen, nohalteg positiv Verännerungen an däi Liewen z’integréieren. Du solls ganz séier onoofhängeg ginn an zwar mat Selbsthypnos.
Mythen iwwer Hypnos
Et ginn nach ëmmer vill Mëssverständnesser iwwer Hypnos. Hei sinn déi heefegst:
“Ech verléieren d’Kontroll.”
Nee. Wärend der Hypnos behäls de ëmmer d’Kontroll iwwer dech selwer. Du entscheeds. Mir Hypnotiseuren soën, dass eigentlech ass Hypnos eng Selbsthypnos ass, a mir als Hypnotiseure féieren dech. Et ass e bësse wéi beim Danze soën ech ganz gär als Verglach ;)
“Ech schlofen.”
Nee. Hypnos ass kee Schlof. Et ass en Zoustand vu déifer Entspanung a konzentréierter Opmierksamkeet. Eng hypnotesch Trance ass e bewossten Zoustand.
“Ech verroden Geheimnisser.”
Nee. Du sees nëmmen dat, wats du och wierklech wëlls soen. Du gees ni géint deng Werter, ni géint deng Moral.
“Nëmme schwaach Mënsche kënnen hypnotiséiert ginn.”
Jidfereen deen et zouléist, kann hypnotiséiert ginn.
“Ech kann an der Hypnos hänke bleiwen.”
Dat ass net méiglech. Hypnos ass en natierlechen Zoustand, aus deem jidderee selwer erauskënnt. Et ass do e bësse wéi mam Schloof, du kanns net permanent schloofen, du kanns awer och net permanent wakreg sinn, sou kanns du och net permant an hypnotescher Trance sinn.
Nach eppes wat mir wichteg ass
Vill Leit kenne Meditatioun. Si verstinn do drënner, dass een sech berouegt, fir d’éicht de Kierper an dann de Geescht.
Ma genau dat ass keng Meditatioun, mais eng Hypnos.
Bei enger richteger Meditatioun konzentréiert een sech ganz stark just op eppes. Et geet een a senger Frequenz erop. Dësen Zoustand kann een net laang haalen.
Hypnos, kennen ech dat?
Jo, du kenns dat am Alldag, wanns du an e Buch verdéift bass, oder an deng Aarbecht. Och wanns du eng repetitiv Aarbecht mechs, oder wäit a laang mam Auto fiers ans de op eemol mierks, dass de déi läscht puer Kilometer net wierklech « erlieft » hues. Beim Léieren, a wanns du dir eppes ganz stark virstells. All dat si Momenter vun enger hypnotescher Trance.
Mäi Verspriechen un dech
Ech begleeden dech mat Empathie, Diskretioun a Respekt.
Du stees als Mënsch am Mëttelpunkt – net däi Problem.
Wanns du bereet bass, den éischte Schrëtt ze maachen, freeë ech mech, dech kennenzeléieren an dech op dengem Wee ze begleeden
Firwat ech Hypnotiseur gi sinn.
Genau wéis du, wahrscheinlech, war ech skeptesch vis-à-vis vun Hypnos. All d’Mythen déi ech hei uwendriwwer erklärt hunn, hunn ech demols nach gegleeft. Duerch e gudde Rot sinn ech op e Cours opmierksam ginn wou een Auto-Hypnos, sprech Selbsthypnos, léiert. „Dann ass jo alles gutt, well ech hunn d‘Rudder an der Hand“ duecht ech mir. Ech sinn zur Erkenntnis komm, dass all Hypnos „just“ eng Selbsthypnos ass, déi duerch den Hypnotiseur gefouert get.
Den Alain Wolff vum Hypnosis Institute (hypnosis.institute) huet mir an desem Selbsthypnosecours erklärt, dass hien a sengem Institute Leit zum Hypnotiseur äusbild. Dunn hunn ech d‘Décisioun geholl dës Äusbildung (https://www.hypnosis.institute/courses/hypnosis-master-class/) hei zu Lëtzebuerg ze maachen, fir e Lëtzebuerger Hypnotiseur ze ginn deen zu Lëtzebuerg praktizéiert.
Nach e Grond firwat ech mech fir des MasterClass entscheed hunn, ass well den Alain Wolff selwer bei mat deene beschte geléiert huet an hien mat der NGH zuesummeschafft. Ech sinn doduercher selwer och elo NGH zertifizéiert. NGH steet fir National Guild of Hypnotists ( https://ngh.net. ) an ass déi gréissten an eelsten international Hypnosorganisatioun, gegrënnt 1950.
The National Guild of Hypnotists is the oldest and largest international hypnosis organization, a non-profit educational group founded in Boston, Massachusetts, in 1950.
Wéi scho gesot wëll ech de Leit hëllefen an Hypnos ass eng super Oofkierzung doderbäi.
Bei wat kann Hypnos hëllefen
Et wär méi séier opgezielt bei wat se net hëlleft LOL
Firwat elo nach laang ronderem de Bräi schwätzen, mell dech bei mir a mir klären alles bei eisem éichten Treffen.
Wat soll dat kaschten?
Deng éicht Sëtzung mat mir kascht 180EUR an do ass de Coaching mam Life Puzzle Pro mat dran ( https://intellact.lu/business/lifepuzzle-pro/ ).
Du bass nach jonk an dat si vill Suen fir dech. Kontaktéier mech awer a mir schwätzen driwwer.
Eng einfach Sëtzung kascht 120EUR.
Ech kucken dobäi net op d’Auer, rechen ongeféier eng Stonn an eng hallef fir déi éicht Sëtzung an.
Tëscht menge Klient’en loossen ech mir genuch Zäit fir Diskretioun kënnen ze garantéieren ier deen nächste kënt.
Am Prinzip fanne meng Sëtzungen zu Bech am Hyponsis Institute statt. Wann dat net passt, kontaktéier mech awer, och hei fanne mir eng Léisung déi fir eis 2 passt.
Denk drun, ech wëll, dass du sou séier wéi méiglech onoofhängeg bass, an du dir selwer hëllefs mat Selbsthpynos, déi ech dir natirlech bäibréngen an dësem Kader.
Merci, dass du bis heihinner alles gelies hues.
Bis ech mäi Programm fir d’Rendez-vous’en hei verlinkt hunn, schreif mir wgl eng Email op:
romain.gerson@denhypnotiseur.lu
Da kläre mir alles zesummen.
Ech freeë mech elo schon dech kennenzeléieren an dir ze hëllefen.
Merci fir däi Vertrauen
Alles Léiwes